• geocatalogue.geoportail.lu
  •   Rechercher
  •   Carte
  •  S'identifier

Vereinfacht Kaart vun den natiirlechen Bëscher

D’Kaart vun den natierleche Bëschgesellschafte vu Lëtzebuerg ass eng Kartografie vun deene no Artikel 17 vum Naturschutzgesetz geschützte Bëschgesellschaften, souwuel am ëffentleche wéi och am private Bësch. Dës Kartografie ass am Joer 2014 erstallt ginn an baséiert op den ursprénglechen Opnamen, déi tëschent 1992 an 2002 um Terrain erhuewe goufen am Kader vun der phytosoziologëscher Kartéierung vu sämtleche Bëschgesellschaften, déi zu Lëtzebuerg virkommen. Dës Informatiounen iwwer déi tëschent 1992 an 2002 kartéiert Bëschgesellschafte si bis haut weder duerch Neierhiewungen nach duerch Kontrollen um Terrain aktualiséiert ginn. Déi am Joer 2014 publizéiert Kaart spigelt deemno déi Situatioun zeréck, wéi se an den Joeren 1992-2002 um Terrain gesinn an erhuewen gouf. Duerch Ännerungen, siew et wéinst der natierlecher Entwécklung respektiv den forstlechen Agrëffer, kann sech déi heiteg Situatioun um Terrain ënnerscheede vun där, wéi se viru méi wéi 20 Joer kartéiert gouf. Déi publizéiert Kaart sollt deemno eenzeg an eleng de Bëschbesëtzer eng Hëllefstellung gi bei der Ëmsetzung vun enger ugepasster forstlecher Bëschbewirtschaftung vun den natierlechen an no Artikel 17 vum Naturschutzgesetz, protégéierte Bëschgesellschaften. Dës éischt Aschätzung sollt, virun allem an Zweifelsfäll, unhand vu weidere Bestëmmungsmethoden a mat Hëllef vun der heiteger Vegetatioun um Terrain iwwerpréiwt gin. Verschidde geschützte Bëschbiotopen sinn am Kader vun der ursprénglëcher Kartéierung net opgeholl ginn, a sinn deemno net als solch respektiv guer net op der Kaart representéiert. Et handelt sech hei ëm an Héichbësch iwwerfouert oder ëmgewandelt Louhecken, d’Bëschränner an d’Feldgehölzer. Déi éischter klengflächeg an punktuell Biotopen ewéi z.B. Quellen, Klenggwässer, Fielsformatiounen, asw. sinn och ne top der Kaart ofgebild. Dës ënnerleien nawell dem Schutz nom Artikel 17 vum Naturschutzgesetz. All aner Bëschgesellschaften, déi net duerch den Artikel 17 geschützt sinn, sinn op der Kaart just als Hannergrondinformatioun, esou wéi op der topografescher Kaart vum Kadasteramt, oofgebilt. Ee Leetfuedem fir eng gutt forstlech Praxis bei der Ëmsetzung vu forstlëche Bewirtschaftungs- an Gestiouns- Moossnamen vu geschützten Bëschbiotope ass op der Internetsäit vum Nohaltegkeets-Ministère publizéiert ( http://www.environnement.public.lu/forets/dossiers/pfn/documents/Leitfaden_7_11_2014.pdf ). E gëtt Recommandatiounen an Erklärungen iwwert d’Ausriichtung vun enger « normaler », d.h. Artikel 17 konformer Bëschbewirtschaftung, déi als Zil hunn ze verhënneren, datt ee geschützten Bëschbiotop zerstéiert oder verklengert, oder säin Erhalungszoustand verschlechtert gëtt.

Simple

Identificateur
/ 9eac63ee-39b0-4794-81b4-dd2b4819dd39
Forme de la présentation
Carte numérique
Etat
Mise à jour continue
Contact pour la ressource
Nom de l'organisation Nom de la personne Adresse e-mail Rôle

Administration de la nature et des forêts

Martine Neuberg

marc.wagner@anf.etat.lu

Point de contact
Fréquence de mise à jour
Lorsque nécessaire

Entités au Grand-Duché de Luxembourg

  • Grand-Duché du Luxembourg

Mots clés
  • Natierlech Bëschgesellschaften, Geschützte Bëschbiotopen, Artikel 17 vum Naturschutzgesetz

Mots clés
  • geoportail.lu

geoportail.lu themes

  • Emwelt

geoportail.lu structure

  • Environnement>Forêts>Bëscher

Contraintes d'accès
Autres restrictions
Autres contraintes

néant

Type de représentation spatiale
Vecteur
Dénominateur de l'échelle
0
Langue de la ressource
Deutsch
Langue de la ressource
English
Langue de la ressource
Français
Langue de la ressource
Lëtzebuergesch
Encodage des caractères
Utf8
Catégorie ISO
  • Environnement
  • Biologie, faune et flore
N
S
E
W




Nom du système de référence
EPSG / http://www.opengis.net/def/crs/EPSG/0/2169
Ressource en ligne
Protocole Adresse Internet Nom
https://map.geoportail.lu/theme/main?version=3&zoom=8&X=667917&Y=6394482&lang=fr&layers=524&opacities=1

Vereinfacht Kaart vun den natiirlechen Bëscher

Métadonnées

Identifiant de la fiche
9eac63ee-39b0-4794-81b4-dd2b4819dd39 XML
Langue
Français
Jeu de caractères
Utf8
Type de ressource
Jeu de données
Nom du niveau de hiérarchie

dataset

Date des métadonnées
2022-06-14T12:59:31
Nom du standard de métadonnées

ISO 19115:2003/19139

Version du standard de métadonnées

1.0

Contact
Nom de l'organisation Nom de la personne Adresse e-mail Rôle

Administration de la nature et des forêts

Danièle Murat

daniele.murat@anf.etat.lu

Point de contact
Autre langue
LanguageCode CharacterEncoding
Lëtzebuergesch Utf8
Englesch Utf8
Däitsch Utf8
Franséisch Utf8
 
 

Aperçus

Étendue spatiale

Mots clés

Natierlech Bëschgesellschaften, Geschützte Bëschbiotopen, Artikel 17 vum Naturschutzgesetz
geoportail.lu structure

Environnement>Forêts>Bëscher
geoportail.lu themes

Emwelt


Fourni par

Lien vers le catalogue
Consultez l'intégralité des métadonnées et accédez à la donnée.




  •   À propos
  •   Github
  •