• geocatalogue.geoportail.lu
  •  
  •  
  •  

Vereinfacht Kaart vun den natiirlechen Bëscher

D’Kaart vun den natierleche Bëschgesellschafte vu Lëtzebuerg ass eng Kartografie vun deene no Artikel 17 vum Naturschutzgesetz geschützte Bëschgesellschaften, souwuel am ëffentleche wéi och am private Bësch. Dës Kartografie ass am Joer 2014 erstallt ginn an baséiert op den ursprénglechen Opnamen, déi tëschent 1992 an 2002 um Terrain erhuewe goufen am Kader vun der phytosoziologëscher Kartéierung vu sämtleche Bëschgesellschaften, déi zu Lëtzebuerg virkommen. Dës Informatiounen iwwer déi tëschent 1992 an 2002 kartéiert Bëschgesellschafte si bis haut weder duerch Neierhiewungen nach duerch Kontrollen um Terrain aktualiséiert ginn. Déi am Joer 2014 publizéiert Kaart spigelt deemno déi Situatioun zeréck, wéi se an den Joeren 1992-2002 um Terrain gesinn an erhuewen gouf. Duerch Ännerungen, siew et wéinst der natierlecher Entwécklung respektiv den forstlechen Agrëffer, kann sech déi heiteg Situatioun um Terrain ënnerscheede vun där, wéi se viru méi wéi 20 Joer kartéiert gouf. Déi publizéiert Kaart sollt deemno eenzeg an eleng de Bëschbesëtzer eng Hëllefstellung gi bei der Ëmsetzung vun enger ugepasster forstlecher Bëschbewirtschaftung vun den natierlechen an no Artikel 17 vum Naturschutzgesetz, protégéierte Bëschgesellschaften. Dës éischt Aschätzung sollt, virun allem an Zweifelsfäll, unhand vu weidere Bestëmmungsmethoden a mat Hëllef vun der heiteger Vegetatioun um Terrain iwwerpréiwt gin. Verschidde geschützte Bëschbiotopen sinn am Kader vun der ursprénglëcher Kartéierung net opgeholl ginn, a sinn deemno net als solch respektiv guer net op der Kaart representéiert. Et handelt sech hei ëm an Héichbësch iwwerfouert oder ëmgewandelt Louhecken, d’Bëschränner an d’Feldgehölzer. Déi éischter klengflächeg an punktuell Biotopen ewéi z.B. Quellen, Klenggwässer, Fielsformatiounen, asw. sinn och ne top der Kaart ofgebild. Dës ënnerleien nawell dem Schutz nom Artikel 17 vum Naturschutzgesetz. All aner Bëschgesellschaften, déi net duerch den Artikel 17 geschützt sinn, sinn op der Kaart just als Hannergrondinformatioun, esou wéi op der topografescher Kaart vum Kadasteramt, oofgebilt. Ee Leetfuedem fir eng gutt forstlech Praxis bei der Ëmsetzung vu forstlëche Bewirtschaftungs- an Gestiouns- Moossnamen vu geschützten Bëschbiotope ass op der Internetsäit vum Nohaltegkeets-Ministère publizéiert (http://www.environnement.public.lu/forets/dossiers/pfn/documents/Leitfaden_7_11_2014.pdf ). E gëtt Recommandatiounen an Erklärungen iwwert d’Ausriichtung vun enger « normaler », d.h. Artikel 17 konformer Bëschbewirtschaftung, déi als Zil hunn ze verhënneren, datt ee geschützten Bëschbiotop zerstéiert oder verklengert, oder säin Erhalungszoustand verschlechtert gëtt.

Simple

Identificateur
/ 9eac63ee-39b0-4794-81b4-dd2b4819dd39
Forme de la présentation
Carte numérique
Etat
Mise à jour continue
Point de contact
  Administration de la nature et des forêts - Martine Neuberg
81, avenue de la Gare , Diekirch , L-9233 , Luxembourg
Fréquence de mise à jour
Lorsque nécessaire
Entités au Grand-Duché de Luxembourg
  • Grand-Duché du Luxembourg
Mots clés
  • Natierlech Bëschgesellschaften, Geschützte Bëschbiotopen, Artikel 17 vum Naturschutzgesetz
Mots clés
  • geoportail.lu
geoportail.lu themes
  • Emwelt
geoportail.lu structure
  • Environnement>Forêts>Bëscher
Contraintes d'accès
Autres restrictions
Autres contraintes
keng
Type de représentation spatiale
Vecteur
Dénominateur de l'échelle
0
Langue
Deutsch
Langue
English
Langue
Français
Langue
ltz
Jeu de caractères
Utf8
Catégorie ISO
  • Environnement
  • Biote
N
S
E
W


Nom du système de référence
EPSG / http://www.opengis.net/def/crs/EPSG/0/2169
Ressource en ligne
Vereinfacht Kaart vun den natiirlechen Bëscher

anf_carte_simpl_forets

Identifiant de la fiche
9eac63ee-39b0-4794-81b4-dd2b4819dd39 XML
Langue
Français
Jeu de caractères
Utf8
Type de ressource
Jeu de données
Nom du niveau de hiérarchie
dataset
Date des métadonnées
2021-02-04T22:27:15
Nom du standard de métadonnées
ISO 19115:2003/19139
Version du standard de métadonnées
1.0
Point de contact
  Administration de la nature et des forêts - Danièle Murat ( )
81, Avenue de la Gare , Diekirch , L-9233 , Luxembourg
24756661
 
 

Aperçus

N
S
E
W


Mots clés

geoportail.lu structure
Environnement>Forêts>Bëscher
geoportail.lu themes
Emwelt

Fourni par

Partager

Lien vers le portal
Read here the full details and access to the data.

Ressources associées

Not available


  •  
  •  
  •